Ich vernichte dich

D'Melanie ass verzweifelt - hatt ass eng gutt Mamm, elo krut hatt vum Jugendamt säi Kand ewech geholl. Si sinn et ouni Virwarnung bei Dagesmamm siche gaangen ... D'Wunneng gouf vun der Police duerchsicht, et goufen Droge fonnt. Wien huet se do verstoppt? Et gëtt erzielt, hatt hätt säi Kand wéilten verkafen ... Hatt ass … Ich vernichte dich weiterlesen

Gewënnspill: Pascal Debra

Dëst Gewënnspill leeft iwwert bichergeck.me 📚 De Pascal Debra huet dem Bichergeck dräi Päckelcher zur Verlousung gestallt - d'Bicher si vum Auteur signéiert! E puer Informatiounen: Die Evolution des Scorpions Die Pathologie der Liebe Liesprouf Achilles Interview Fir matzemaachen, musst Dir Follower vun der wordpress-Säit sinn. Einfach umellen - an Dir sidd am Lousdëppchen! Dat … Gewënnspill: Pascal Debra weiterlesen

The Hate U Give

"The Hate U Give Little Infants Fucks Everybody" Tupac Dëst Buch huet mech schockéiert - iwwert de Rassismus an d'Wourecht déi tëscht den Zeile stinn. Iwwert Viruerteeler! Mir léieren Starr kennen, hatt ass een aussergewéinlecht Meedchen, seng Elteren loossen hatt an eng Privatschoul goen - esou bleift hatt der Kriminalitéit a sengem Quartier aus de … The Hate U Give weiterlesen

Schattenmond

'Schattenmond' vum Nora Roberts ass den éischten Deel vun enger Trilogie. Am éischten Deel liese mir, wéi et zu där geféierlecher Pandemie komm ass, mir léieren d'Charakteren e bësse kennen - verschiddener hunn leider just ee kuerzen Optrëtt. Ech war direkt vun der Geschicht gefesselt, d'Ambiance ass zimmlech bedreelech. An e bësse magesch. Mystesch ... … Schattenmond weiterlesen

Borderland

Borderland huet mech iwwerzeegt - Buchcover, Klappentext an d'Geschicht tëscht den Deckelen, et war vu vir bis hannen perfekt! De Vincent ass op sech gestallt, säi Papp ass gestuerwen, d'Mamm huet Depressiounen a kënnt an d'Spidol. Hie muss no sech kucken, a gläichzeiteg Uschloss an enger neier Schoul fannen. Et ass schwiereg - Musek hëlleft … Borderland weiterlesen